Éierung vu verdéngschtvolle Schüler, Sportler, Veräiner e Veräinsmemberen

D’Gemeng Biwer, zesumme mat der Entente vun de Veräiner aus der Gemeng, huet den 22. November 2019 verdéngschtvoll Schüler, Studenten, Veräiner a Veräinsmemberen geéiert.

Niewent der alljärlecher Primm, déi d’Schüler a Studente kréien, si si encouragéiert ginn fir op deem schoulesche Wee weider ze fueren, dee si ageschloen hunn. Des Weideren huet de Buergermeeschter déi nei Primme fir Schüler a Studente presentéiert déi ab dem Schouljar 2019/2020 applikabel sinn.

Op sportlechem Niveau goufe geéiert:

D’Fussball Scolairesequipp vun der Entente Biwer/Maacher/Berbuerg (Champion am 1. Tour an der 5. Klass Serie 2)

D’2. Equipe vum FC Jeunesse Biwer fir hiren Opstig an d’3. Klass.

D’Carine HUBSCH an d’Natasche THELEN vum Biwer Fiederball: si goufe Landesmeeschter am Dammendubbel an der Kategorie D.

Als Individualsportlerin gouf d’Maggy HUSSLEIN geéiert fir d’ Victoire beim UTML Mellerdall Trail am September 2018 bei den Dammen, d’Participatioun um Transatlasmarathon am Marocco am Juni 2019 an d’Erklamme vum Kilimandscharo 2019.

Fir hier laangjäreg Wierken an hire Veräiner goufe geéiert:

CONTER Roland: zënter 1994 am Comité (Vizepresident) vum Gaart an Heem Wecker.

GASPAR René, HOFFMANN Emile, SCHONS Gilbert, WEIS Robert: 50 Joër Member FC Jeunesse Biwer, mat ville flotte Momenter a Goaler fir de Veräin.

Musikalesch ass d’Feier encadréiert ginn vun engem Querflutten-Duo vun der Regionaler Maacher Musekschoul, mat 2 Musekantinnen, dem Julie BENNER an dem Marie BRAUN aus eiser Gemeng.


(Fotoen: Romain NIES)

More news by Gemeng Biwer >