Cadet vum FC Jeunesse Biwer gesponsort vum Institut de Beauté Monika THIEL, Biwer

Nom Cadet-Match Biwer - Ent Uespelt-Duelem, deen eis Jongen mat 15-0 gewonn hunn, hunn si nei Joggingen vum „Institut de Beauté Monika THIEL“ Biwer, 36, Haaptstrooss, tel 710339, iwwerreecht kritt.

Den Präsident Germain Brück huet der Sponsorin e groussen Merci gesot, vir déi Ënnerstëtzung vun eiser Jugendequipe.

Nodeem den Kapitän vun der Equipe, Pit Benner dem Monika e Bouquet Blummen iwwerreecht huet, ass den Dag zesummen mat den Elteren an den Spiller bei engem Patt an eppes Klenges ze iessen zu Enn gang.