Séance académique 75 Joar "FC Jeunesse Biwer"

Séance académique vum 21.März 2014. Déi net do waren, hun eng verpasst. Et war e flotten Owend mat onvergieslechen Momenter an gläichzäiteg e super Optakt vun den Festlechkeeten vun eisem 75. anniversaire.
Niewt villen fréieren an och aktuellen Memberen duerften mir enner aanerem den FLF-Präsident Paul Philipp an den Sportsminister Romain Schneider begréissen. Besonneg houwrech waren ma datt sou vill Leit vu Biwer an och aus der Emgéigend sech de Freiden Owend Zäit geholl hun matt ons zesummen am Centre culturel zu Biwer ze feieren.
All di Fotoen aus der Austellung gin am November an onser Brochüre publizéiert. D Brochüre kann matt enger Iwwerweisung vun 40€ ob de Konto CCRA: LU59 0090 0000 0997 1607 bestallt gin. Zousätzlech kritt dir eisen "Cuvée spéciale FC Jeunesse Biwer" ze kaafen.