Don fir Een Häerz fir kriibskrank Kanner asbl

D’Elterevereenegung „Een Häerz fir kriibskrank Kanner“ seet dem Nico Welter en grousse Merci fir säi generéisen Don vun 2600 €. Ee vun deenen éischte Mataarbechter vum Atert Lycée Réiden huet de Schratt aus dem aktive Beruffsliewe genotzt fir mat engem schéine Geste Kanner a Jugendleche mat Kriibs ze ënnerstëtzen.