Buergbrennen zu Bur vun den Pompjeeën Bur-Méischdref

En Samschdeg huet dat traditionellt Buergbrennen vun den Pompjeeën Bur-Méischdref op der aler Burer Buergplaatz stattfonnt. Nodeems Freides an Samschdes opgeriicht ginn ass, sinn d'Pompjeeën Samschdegmëttes duerch Dierfer gefuer fir fir d'Buerg ze sammelen an den Recht Chrëschtbeemercher anzesammeln.

Owes haten sech dunn am Wangertswee eng etlech Leit anfonnt fir zesummen mat den Pompjeeën am Fakelzuch bei d'Buerg ze goen an den Wanter ze verbrennen. Fir den Honger an den Duscht war beschtens gesuergt an e puer flotter Stonnen sinn zesummen verbruecht ginn.

En groussen Merci un all déi Leit wou do woren, ons beim Opriichten gehollef hunn, oder awer eis mat engem léiwen Don ënnerstëtzt hunn.