Den Erny an d'Anita Hoffmann- Muller feieren gëllen Hochzäit


Brouch: Fir hirt 50- Jährigt Bestiednis ze feieren, hat den Erny Hoffmann mat senger Fra Anita Müller, d’Famill an de Restaurant Relais Bausch op Brouch invitéiert fir dest schéint Fest och können zesummen ze feieren. Den Erny Hoffmann ass den 21. Mäerz 1950 zu Réiden/Atert op d’Welt komm an huet seng Jugendzäit bei sengen Elteren zu Rëmmerich (Préizerdaul) verbruecht. Den 12. Mee 1973 huet den Erny dem Anita Muller vu Brouch, dat den 6. November 1939 d’Liicht vun der Welt erblëckt huet an der Pârkierch zu Brouch d’Jo Wuert gin. D’Hochzäitsmass ass vum demoligen Paschtouer Charles Guill zelebréiert gin. Bis haut wunnen di zwee zesummen an hirem Haus zu Brouch. Aus hirem Bestiednis sin zwéi Jongen erviergaangen. Haut zielen zwee Enkelkanner zum Stolz vun der Famill Hoffmann- Muller. A sengem aktive Berufsliewen huet den Erny wärend sechs Joer an der Schreinerei Closener am Préizerdaul geschafft an ass duerno wärend 9 Joer op d’Arbed Belval sëngt deeglicht Brout verdinge gaang. De „Centre informatique de l’état“ war di läscht Etappe vu sengem Berufsliewen bis zur Pensioun am Joer 2007. Beim gemeinsamen Festiessen hun d’Éiergäscht dem gëllenen Brautpuer nach vill schéin an zefridden Joeren verbonnen mat weideren flotten Reesen derbéi gewënscht. (CR (Foto: Charles Reiser)