Benefice-Concert zu Gonschten vun der Fondation Autisme Luxembourg

Op Initiativ vun enger Mamm vun engem Kand mat Autismus, déi an der Gemeng Suessem wunnt, freeë mir eis, Iech zu eisem Benefice-Concert anzelueden, deen der Fondation Autisme Luxembourg zu Gonschte komme wäert.


Den 20. September 2022 erwaart Iech ab 20 Auer am Artikuss en aussergewéinlechen Duo, bestoend aus zwee talentéierte Kënschtler! Bereet Iech op eng musikalesch Rees mat der Sängerin Magali DAHAN an dem Pianiste Pablo BENDR vir.


En Trëndel aus Musek a Gesang


Vun dësem Concert ze schwätze kënnt der Virstellung vun engem Wee, enger Rees, engem Abenteuer gläich!


D'Gebuertsstonn vun dësem Projet war en Treffe mat engem Pianiste vum aneren Enn vun der Welt. Datt eng Sängerin mat Wuerzelen aus Lëtzebuerg, déi zu Paräis lieft, op en Chilenen aus Santiago trëfft, deen zu Los Angeles gelieft huet, ass schonn zimmlech onwarscheinlech; datt aus dësem Treffen eng perfekt an déif kënschtleresch Verbannung entsteet, ass nach manner selbstverständlech...


Mee genau dat ass beim Magali Dahan an dem Pablo Bendr geschitt!


Aus hirer Zesummekonft entsteet dëse Concert mat multikulturellen Inspiratiounen a charmante Kläng. Loosst Iech vun dësen zwee talentéierten a generéise Kënschtler op eng Rees mathuelen, déi Iech vun enger franséischer Vilfalt iwwert Tango a Queen bis hin zu amerikanesche Standarde féiert.


Loosst d‘Musek starten...


D'Entrée fir de Concert kascht 25 Euro an d'Tickete sinn iwwert Luxembourg-ticket.lu erhältlech: https://www.luxembourg-ticket.lu/en/8/eid,53261/concert-fondation-autisme-luxembourg.html


Mir freeën eis iwwert all Visiteur!

D'Fondation Autisme Luxembourg.