Citytrip fir erwuesse Persoune mam Asperger-Syndrom

!! APPELL UN ERWUESSENER MAM ASPERGER-SYNDROM !!


D‘Fondation Autisme Luxembourg organiséiert den éischte Weekend vum Oktober, vum 01.10 bis den 02.10, en Citytrip fir erwuesse Persoune mam Asperger-Syndrom zu Arel! Hei sinn eng Rëtsch un Aktivitéite méiglech, déi dann op der Plaz zesumme mat de Participantë gestëmmt ginn.


Ob en Escape Room Challenge voll mat kniwwelege Rätsel, e Besuch am Kletterpark oder e Lasergame Battle, dëse Weekend entscheet dir, wat gemaach gëtt! Wisou och net als Ofschloss nach eng Bowling Ronn?!


Du bass mindestens 16 Joer al a fills dech vun enger oder och vu méi vun dësen Aktivitéiten ugesprach? Dann ass dëse Weekend genau dat Richtegt fir Dech!


Mell dech per Mail u loisirs@fal.lu oder iwwert Telefon um 26 91 11 – 1! Mir freeën eis op dech!


#FAL #ËMMERDO #Lëtzebuerg #autismus #aspergersyndrom #citytrip