49. Generalversammlung vum Zéissenger Interesseveräin


Rapport des activités (raccourci) - Generalversammlung vum 11. März 2020 am Centre Culturel Zéisseng


No onser leschter Generalversammlung den 13ten März 2019, déi vun ca 40 Leit besicht gin ass), huet sech de Comité nei forméiert. Den Hr. Erny STAMMET huet seng Kandidatur nët méi erneiert an ass aus dem comité ausgetrueden. Mir soën him op dëser Plaaz nach eng Kéier e grousse Merci fir seng wertvoll Arbecht. Mir haten 2019 7 Comitésversammlungen, a waren och bei den Reuniounen vun der U.S.I.L.L. vertrueden grad esou ewéi bei de Generalversammlungen vun den Interessenveräiner Hollerech a Gaasperech.

1. Den 1. Dezember 2018 hu mer nach eng Kéier fir d’Parkplaazen bei de Geschäfter an der rue de la Forêt nei ze amenagéieren (eng Plaaz ewech ze huelen an di aaner e Steck méi grouss ze zeechnen). De 19. März 2019 hu mer du matgedeelt kritt dass näischt esou virgesin wier an d’Parkplaaz bleift wéi se ass. De Problem ass dass d’Autoën haut méi grouss sin an d’Plaazen zimlech enk.

2. De 4. Abrëll hu mer e Bréif un d’Gemeng geschriwen wéinst dem Foussgängerstreifen beim Busarrêt „Fischerhaff“. Den 2. Dezember hu mer awer Decisioun vun der Gemeng kritt dass leider keen zousätzlechen Foussgängerstreifen dohinner kënnt well op der Place de Roedgen schon een ass.

3. Den Hr. Minister François Bausch hat ons den 21. Februar 2019 matgedeelt dass a punkto Lärmschutzwall eng nei akkustesch Etude vun de Ponts & Chaussées geplangt wier well ons Werter am Kaméidibereich effektiv ze héich sin par rapport zu dem Plan d’action contre le bruit routier vun 2016. De 4. Abrëll hu mer gefrôt fir di Etude ze beschleunegen an de 16. Januar 2020 hu mer nach eng Kéier nogefrôt ob di Etude schon gemaach gi wier a wât derbei erauskoum. Leider hu mer bis elo nach keng Äntwert kritt.

4. Den 8. Abrëll hu mer e Bréif un d’Post geschriwen wéinst der Post Pack Statioun an der Zéissenger Strooss. Mir hu gefrôt fir eng ouverture vun ca 1m an d‘glissièren ze maachen fir en direkten Zougang vum trottoir aus ze kréien.

5. Den 30. Abrëll huet onse President e mail un den Hr. Romain Spaus vum Ministère des Travaux Publics gescheckt deen op onser leschter Generalversammlung zu Gaascht war. Mir wollten nach verschidden Detailer iwer de boulevard de Cessange kréien wéi z.B. Busspuer, Tram a Velosspuer. Leider hu mer awer do nie eng Äntwert kritt.

6. De 7. Mee hu mer e subside extraordinaire bei der Gemeng ugefrôt fir di verschidde Fester zu Zéisseng wéi de Bichermaart, Duerffest an den Adventsmaart. Mir hun de 27. November 275€ iwerwisen kritt, déi mer och weidergin hun. Villmols Merci dofir.

7. De 7. Mee ware mer mat onsem comité an e puer Leit aus aaneren Veräiner de Waassertuerm op der Cloche d’Or besichen. Duerno ware mer zesummen iessen a mir hu bei der Gelegenheet den Erny Stammet geéiert dee bei der Generalversammlung demissionéiert hat.

9. De 27. Mee war di 1. Versammlung vum Arbechtsgrupp „Commission Mobilité“ vun der USILL. De John Hansen ass do President an onse President, de Jean-Marc Fisch ass an deem groupe mat derbei.

11. De 1. Juli hu mer rappeller un déi Memberen erausgescheckt déi hir Memberskaart nët bezuelt haten.

12. Den 30. Juli hu mer der Gemeng an dem Transportministère ons Positioun matgedeelt wât „rue des Celtes“ betrëfft. Mir sin dofir dass den trafic fir de Verkéier (ënner 3,5 Tonnen) opgemaach sollt gin. Wann allerdengs de bouvevard de Merl an Cessange bis gemaach ass, kéint een d’rue des Celtes nëmmen fir d’mobilité douce opmaachen. De 7. November huet d’Mme Bourgermeeschter ons hier decisioun matgedeelt dass d’rue des Celtes fir de motoriséierten trafic zoubleift. En Embau, mat enger Ennerféierung fir „mobilité douce“ wier awer geplangt.

13. Leider war aus organisatoreschen Grënn dëst Joër keen Zéissenger Duerffest. Dir kënnt Iech awer elo schon den Datum vun dësem Joër zereckbehaalen, an zwar den 21. Juni.

15. Den 23. Juli hu mir e Bréif vun der Gemeng kritt dass Transformatiounen vum Haus 260, rue de Cessange accordéiert goufen.

16. Vum 1. September un hu mer eng nei Buslinn 70: vu Méindes bis Freides all ½ Stonn vun Hamm op d’Kockelscheier an zereck. Dëst ass ganz praktesch well um Wee Richtung Kockelscheier leit eng Apdikt, Supermarché’en an de Shopping Centre Cloche d’Or. Di Linn fiert och all Busarrêt’en vun Zéisseng un.

17. An der rue des Frênes sin och elo 2 Carloh Statiounen.

18. Ufank Oktober huet den Här Vic Faber, wéi all Joërs zesummen mat den zéissenger Veräiner onsen traditionellen Manifestatiounskalenner opgestallt, deen a ganz Zéisseng verdeelt gouf. Ech wëll dem Vic op dëser Plaaz en härzleche Merci soën fir di vill Arbecht déi hien sech ëmmer mecht.

19. De 12. Oktober war lëtzebuerger Commemoratiounsdaag. Mir hun beim Monument eng gerbe néiergeluecht. Den Geeschtlechen Hr. Walin huet e puer Wuert geschwât a mir hun mat der Chorale d’Heemecht gesongen. Villmols Merci un den Hr. Walin, d’Chorale, d’Pompjeen déi Spaléier stungen an déi Leit vum comité déi mat derbei waren.

20. De 17. Oktober war eng Informatiounsversammlung iwer Arbechten déi vun November 2019 fir 2 Joër an der rue des Artisans, rue de Bouillon an bei der Härewis duerchgefouert gin.

22. Den 30. November war den Adventsmaart. Villmols Merci un déi Leit vum comité di gehollef hun.

23. Den 5. Dezember hate mer ons traditionnel Kleeschensfeier déi ganz bewosst nët zesummen mam Adventsmaart gefall ass well vill Leit aus onsem comité op deenen 2 Plaazen engagéiert sin. All Kand huet duerno och vum Kleeschen eng Tiitchen kritt. E grousse Merci un d’Schoulpersonal an d’Kanner déi di Feier mat Gesank a Musik verschéinert hun an zu engem groussen Erfolleg beigedroën hun. Villmols Merci och un all déi Leit déi ons gehollef hun well ouni déi wär esou eng Feier nët méiglech.

24. De 16. Januar 2020 hu mer e Bréif un d’Gemeng geschriwen wéinst dem Busarrêt „rue de Leudelange“. D’Gemeng hat ons am Februar 2019 e Foussgängerstreifen versprach. De Busarrêt misst awer och wéinst der Visibilitéirt em e puer Meter verreckelt gin.

26. De 25. a 26. Januar war och nees Bichermaart hei zu Zéisseng a wéi ëmmer, mat groussen Erfolleg. Merci un déi Leit vum comité déi och do gehollef hun.

28. Den 13. Februar hu mer e Bréif un d’Gemeng gescheckt wéinst dem trottoir beim Seitenagang vum Centre Culturel. Schon am Februar 2018 huet d’Gemeng confirméiert fir deen trottoir erofzesetzen fir den Transport vun z.B. Musiksinstrumenter fir e concert vun onser Harmonie ze erliichteren. Leider sin di Arbechten, di ons an deenen nächsten Méint versprach gi waren, bis haut nach nët gemaach gin.

29. De 1. März war dât traditionnelt Buergbrennen hei zu Zéisseng, dât och dëst Joër ë vollen Erfolleg war. Merci der Chorale an den zéissenger Pompjéen déi dât ëmmer organiséieren an di flott Traditioun oprecht erhaalen.

30. An onsem comité gouf d’Idee diskutéiert fir eng Busspuer an der rue de Cessange, Richtung Stad vun der Kiirch bis erop an d’rue Maurice Barrès unzefroën. Onse comité ass am Prinzip dofir, zemol well elo den öffentlechen Transport gratis ass an et interessant wier mam Bus méi schnell weiderzekommen wéi mam Auto an och méi secher fir d’Velosfuerer. Et misst awer dann eng Parkplaazspuer ewech kommen.

33. Et waren vum Interesseveräin Märel “Réunions interquartiers” virgesin déi awer bis elo nach nët zustan koumen.

34. Ons Schoul hei zu Zéisseng gët fir d’rentrée 2020/2021 färdeg. An der grousser Vakanz sin awer nach Arbechten an der Zéissenger Strooss virgesin: tëschent dem Ufank vun der Schoul an der Plaaz mat de Geschäfter soll d’Strooss ca 20 cm méi héich geluecht gin fir d’Automobilisten ze sensibiliséieren.

35. Op der Place de Roedgen ass di 1. Parkplaaz esou no beim trottoir dass, wann do en Auto steet, ee mat enger Kannerkutsch nët méi laanscht kënnt. Mir hun dât mat Foto beim report-it vun der Gemeng gemellt an do soll och een sech drëms këmmeren.

36. D’Gemeng Lëtzebuerg ass amgaang Eck Zéissenger Strooss an rue Maurice Barrès en Waasseropfankbecken ze bauen. Dës Arbechten sollten bis 2021 daueren.

39. Zu Zéisseng hun op den 31. Dezember 2019 am Total 4.515 Persounen (2018 waren et der 4.479) gelieft, dovuner 2.306 also 51.07% männlech an 2.209 also 48,93% weiblech.

40. Wât Nuetsfligeren ugett, hate mer am Joër 2019 e Gesamttotal vun 1.951 Fligeren tëschent 23 an 6 Auer muerges.

41. Villmols Merci dem Hr. Oé an der Police vu Gaasperech fir hier Präsenz an di gudd Zësummenarbecht.

Wéi all Joërs : Op dem Site vun Lëtzebuerg-Zéisseng op Mywort kënn Dir och laafend Informatiounen vun onsen an och vun den aaneren Zéissenger Veräner hiren Aktivitéiten iwwert d’ganzt Joër fannen grad esou wéi och den Manifestatiounkalenner vun den Zéissenger Veräiner. Parallel dozou sin och weiderhin wichteg Informatiounen an Publikatiounen am Reider bei der Kiirch ze fannen an och op Facebook. Mir haten och ëmmer verschidden Informatiounen op engem gratis Internetsite „Jimdo“ stoën. Leider existéiert deen awer nët méi.

Zum Schluss nach e puer Wuert : Dén 1. Merci geet un d’Lëtzebuerger Wort wou Jidwereen deen sech umellt, gratis op mywort.lu schon säit 2011 ënnert, an onsem Fall als Uertschaft Lëtzebuerg-Zéisseng, seng Aktivitéiten, Manifestatiounen asw. veröffentlechen kann. 2018 waren d’Memberen vun onsen Interesseveräin leider erofgaangen op 189. Mir kënnen Iech awer mat Freed matdeelen dass mer fir 2019 nees eropgaangen sin op 204 Memberen. Dât weist dass mer um gudde Wee sin. Op dëser Plaaz dann och e ganz grousse Merci fir Äert Vertrauen an ons Arbecht.

Duerch ons Präsenz op Facebook bleiwen mer och ëmmer aktuell an erreechbar an ons Facebook Säit an di eenzel post’en gin och fläisseg gelikt a gedeelt. Merci och dofir. E grousse Merci op dëser Plaaz och un den Här MOUSEL vum Wort fir d’Publikatioun vun onsen Artikelen.