d'Lux Rollers um Olympiadag zu Zeisseng

Vun 8 Auer 30 bis no 10 Auer huet et nëmmen geschodd wi aus Emeren an mir wollten baal anpacken an dun wei et no 10 Auer net mei gereent huet hummer eis Basketstill erausgeholl. Et sin een puur honnert Kanner duerch eisen naassen Atelier gangen an dir gesitt op den Fotoen dat si sech herrlech amüséiert hun!! Dobai waren vun den Lux Rolles den Philippe Faber, Joël Wagener an ech seet den Iesel, Luciano Fratini.

Ech invitéieren iech och All op eist internationalt Basketball Turnéier am Rehazenter Kierchbierg den Samschdeg den 16 an Sonndeg den 17 Juni ze kommen!!! den Spillplang ass bei den Fotoen vum Olympiadag.

Mat sportleche Gréiss

Luciano Fratini