2. Konveniat vum Schoul- Joergank 1978- 1979


Colmar-Bierg: Ass den 1. Konveniat vum Schoul- Joergank 1978 - 1979 bei guddem Wieder gefeiert gin, esou war et dest Joer am November beim 2. Treffen leider bei villem Reen nit méi de Fall. Trotzdem haten sech nees eng Partie fréier Schoulkerodinnen- a Komeroden op Aluedung vum Daniel Schaul an Joé Diederich zesummefond, fir op der Besichtigung vum Vitarium um Rouscht deelzehuelen. Beim Mëttegiessen an der Pizzeria am Park huet de Menü och extra gudd geschmaacht an bei engem flotten Nommëtteg a gudder Ambiance ass och vill gelaacht an erzielt gin. Och an engem Moment vun der Stëll ass och un di zwee verstuerwen Schoulkollegen Patrick Kayser an Toni Sousa Clara souwi un di véier Enseignants Fernande Heger, Alain Espen, Maria Weis-Watgen an Véronique Peiffer- Gengler geduecht gin. Beim Abschied war Eenegkeet an de kommende Joeren esou engt Treffen erëm ze organiséieren. (CR) (Foto: Charles Reiser)