E groussen Dag fir d'Klimagemeng Konsdrëff: D'Holzhackschnitel-Heizung an den Dëpôt fir d'Holzhackschnitzel si fäerdeg! De Buergermeescheter André Poorters konnt vill Leit bei deer Feier begréissen, wou déi nei Heizung offiziell a Betrib geholl ginn ass, wéi d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg, den Ostdeputéierte Gilles Baum, den Eierebuergermeeschter Léon Steyer, de fréieren an dee jetzege Schäfferot, Buergermeeschteren a Schäffe vun den Nopëschgemengen, d'Gemengebeamten an d'Aarbechter, de Feeschter Théo Moulin mat senger Equipoe, Vertrieder vun der Police, Vertrieder vum Ministère. vu Verwaltungen, vu Büroen a Bertriber.
De Buergermeeschter war houfreg iwwer dës Realisatioun an hien huet gesot: "Dat hei ass e Schrëtt an déi richteg Richtung. Si erlaabt nämlech, zesumme mat anere Moossnahmen, dee vum Ëmweltministère festgeluegten Nidregenergiestandard, bei der neier Schoul, z'erreechen."