Sangen an der Seniorie zu Konsdref

Chorale Berdorf-Consdorf

Sangen an der Seniorie zu Konsdref

Op Invitatioun vun de Responsablen aus der Seniorie Konsdref huet e Grupp vu Sängerinnen a Sänger aus der Chorale Berdorf-Consdorf e Samsdeg, de 7. Juni 2025 e klenge Concert-Apéro gesongen. Um Programm stungen haaptsächlech bekannte lëtzebuerger Lidder, woubäi jidderee konnt matsangen. Um Piano huet de fréiere Chef vun der Chorale Roby Schiltz de Chouer begleet. Fir dat Ganzt e bëssen opzelackeren, goufen tëschend de Lidder e puer lëschteg Gedichter vum Pir Kremer virgedroen.

Text: Emile Weis Foto: Josiane Spaus