Mat engem flotte Summerconcert huet de Kanner- & Jugendchouer Konsdref seng Saison op der pittoresker Konsdrëffer Millen, bei herrlechem Wieder, ofgeschloss. An enger waarmer, familiärer Atmosphär hu jonk Sänger*innen hiert ganzt Kënnen gewisen an d’Publikum mat engem liewegen a variéierte Programm begeeschtert.
Ënnert der dynamescher Leedung vun hirer Dirigentin, Anna Nikolay, hunn d’Kanner a Jugendlecher Lidder aus verschiddene Genren a Sproochen presentéiert, ënnerstrach mat enger passender Choreographie – vun traditionelle Melodien hin zu modernen Arrangementer. D’Sänger*innen hu mat Léift zum Detail, Energie an Harmonie iwwerzeegt, wärend talentéiert Solistinne fir besonnesch emotional Momenter gesuergt hunn.
D’Freed um Sange war net an hire Gesichter ze iwwersinn – e schéint Beispill dofir, wéi vill Potenzial a Passioun an dem Chouer stécht.
En décke Merci un all Sänger*inne fir dësen herrleche Concert, un d‘Anna fir seng wäertvoll Aarbecht an un Konsdrëffer Millen fir Benotze vun hirer schéiner Location. Mir wënschen jidderengem eng schéi Summervakanz an d’Virfreed op déi nächst Concerte ass elo scho ganz grouss!