Chrëschtconcert vum Kanner- a Jugendchouer Konsdref

Um 3. Adventssonndeg hunn d‘Sänger*innen vum Kanner- a Jugendchouer Konsdref eis mat engem wonnerschéine Chrëschtconcert verwinnt. Mat der Ënnerstëtzung vun hirer Band, dem Romain Boden um Kontrabass an dem Franz Theato um Drumset, an ënnert der Leedung vum Anna Nikolay hunn si hiert Publikum begeeschtert. Mat klasseschen a moderne Chrëschtlidder huet een an der Mennonitekierch um Scheedgen eng ganz wonnerbar Chrëschtambiance erlieft. Merci eise fréiere Sänger*innen, déi spontan de Chouer bei den dräi leschte Lidder ënnerstëtzt hunn. Ee ganz decke Merci, besonnesch un d’Fräi Evangelesch Gemeng fir d’Benotze vun hirem Sall, an dass mir mat hinnen all zesummen dee flotten Owend mat uschléissendem Glühwäin a selwergemaachtem Chrëschtgebäck konnte genéissen a geselleg ausklénge loossen.