Sécherheetsdag an der Gemeng Conter

D'Pompjeeën aus der Gemeng Conter hun de 6. Juli e Sécherheetsdag an der Schoul an an der Gemeng organiséiert. Vun 8 Auer moies bis 3 Auer mëttes kruuten d'Schoulkanner a verschiddenen Atelieren d'Feier a séng Geforen, a wéi ee sëch am Eeschtfall ze verhaalen huet, explizéiert. Mëttes um 3 Auer war eng Show-Übung, ier d'Leit sëch bei de Pompjeeën iwwer d'Sécherheet doheem informéieren, a Feierläscher, Branddecken an Dampmelder op der Plaaz bestelle konnten.
Fotoën: Nicolas Gengler