Am Oktober hunn sech 13 Komeroden aus dem Dikricher Kolléisch getraff, nodeem datt si viru 55 Jar hire Première‘s-Examen do gemaach haten.
Dës Kiër waren den André Welter an den Armand Weiler un der Rei fir d’Organisatioun. Si hunn sech em 10 Auer zu Randschelt getraff fir d’Thillensvogtei ze besichen an duerno eng interessant Visite an der Kiirch ze maachen.
Bei engem gudde Mëttigeessen beim Abruzzebier zu Grosbous hunn si puer flotter Stonne verbruecht an sech Rendez-vous ginn fir dat anert Jar.
Text ënnert Foto:
Vlnr: Jacques Krombach, André Welter, Nico Kneip, Jemp Dichter, Armand Weiler, Yves Göldi, Gilbert Klepper, Aly Weber, Pol Elsen, Lucien Melchior, André Peffer, Jemp Dahm, Aby Thurmes.
(Foto: Nic Kneip)