Konveniat vun der 1ère moderne vun 1966 aus dem LCD

Am Oktober hunn sich d’Komeroden, déi 1966 zu Dikrich am Kolléisch hir Première op der „section moderne“ gemaach hunn, fir hire 50. Konveniat getraff.
Si sënn zu Belval d’Uni Lëtzebuerg besiche gaangen, wu së bei engem interessanten Tour duerch déi verschidde Gebeier alles gewise krutten. Duerno gung et mam Lift op de 16. Stack vum Tuerm vun der Maison du Savoir, vu wu së eng super Vue iwwer dee ganze Site Belval haten. Un Hand vun engem flotten Exposé vun engem Komerod, fréieren ARBED’s-Ingenieur, kruten si de Funktionnement vun den Héichiewen erklärt, a mat Diaë vun 1981 konnten si gesinn, wi et deemols nach zu Belval ausgesinn hutt.
Bei engem gudde Mëttigeessen an der Charrue d’Or zu Peppeng guffen al Erënnerungen opgefrëscht. Beim Dessert hunn si ënnert de Leedung vun engem vun hire Kolleegen, deen sech a senger Pensioun fir d’Promotioun vun der wëssenschaftlech-technescher Erzéihung bei de Kanner asetzt, mat enger Schrauw, engem Magnéit, enger Batterie an engem „Duplo“ ee klenge Motor gebaut, an hu sech Rendez-vous ginn fir 2017. (Photo: NK / Text: JPD)