In Dulci Jubilo – Celebrate today

Ënnert deem Motto huet den Dikrecher Sängerbond de 14. Dezember an der Parkierch zu Dikrech säin Anniversairesjoer agelaut. 2026 feiert d’Chorale Municipale Sängerbond vun Dikrech hiren 175. Gebuertsdag a gehéiert domat zu den eelste Choralen am Land.


De Concert huet duerch couragéiert Arrangementer, excellent Museker a Solisten an enger sprëtzeger Auswiel u Chrëschtdagsmelodien iwwerzeegt. Den Owend gouf vum Andy Loor opgemaach, deen nom éischte Stéck symbolesch den Dirigentestaf un de Jean-Paul Majerus iwwerreecht huet.


Ënnert senger Leedung hunn d’Soliste Gaby Wolter-Boever, Myriam Pütz-Weisgerber, Marc Dostert a Manfred Logeling di speziell fir de Sängerbond geschriwwen Arrangementer vum Jean-Paul Majerus mat gewinntem Kënnen interpretéiert. Begleet goufe si vum Christophe Pütz (Percussioun), Jeannot Sanavia (Kontrabass), Michel Berns (Trompett), Maurice Clement (Uergel) a Jos Majerus (Piano).


Um Programm stoungen ënnert anerem nei arrangéiert Passagen aus dem Messias vum Georg Friedrich Händel souwéi aus dem Weihnachtsoratorium vum Camille Saint-Saëns. Den Héichpunkt vum Owend huet den drëtten Deel mat modern a rhythmesch arrangéierte Christmas Carols markéiert, fir mat „So This Is Christmas“ de Concert besënnlech ofzeschléissen.

Fir déi passend Atmosphär hunn Toun a Luucht vum Paul Hoffmann gesuergt. Mat „In Dulci Jubilo“ huet d’Chorale Municipale vun Dikrech hiert Anniversairesjoer stëmmungsvoll erëffnet.


Den nächste Rendez-vous ass een A Capella Concert, de 15. Mäerz 2026 um 17.00 Auer an der Dikrecher Parkierch vun der Maîtrise vun der Stater Kathedral, ënnert der Direktioun vum Marc Dostert. De ganze Programm a weider Detailer fannt Dier ënnert www.sbd.lu