Kommt, a feiert mam Sängerbond

1851 als Liedertafel vum J.A. Zinnen gegrënnt, zielt den Dikrecher Sängerbond zu engem vun den eelste Chéier am Land an dat muss gefeiert ginn. Mat engem ambitiéise Programm dréint sech 2026 alles ëm de Gesang. Den Ufank vun de Festivitéite war de 14. Dezember 2025 zu Dikrech an der Parkierch mam Concert In Dulci Jubilo. Ënnert dem Motto „Let’s celebrate today“ huet de Chouer mat engem variéierte Chrëschtprogramm d’Jubiläumsjoer opgemaach.


Op der Generalversammlung den 13. Januar a Präsenz vum Schäffe Paul Bonert, Gemengerotsmember Pascale Schmoetten, President vun der Kulturkommissioun Robert Bohnert an der Éierepresidentin Christiane Bachstein, huet de President Manfred Logeling net mat Luef gespuert. De Memberen, der Comitésequipe an der Dikrecher Gemeng gouf Merci gesot, fir déi vill Ënnerstëtzung an Aarbecht. Nom chargéierten Aktivitéitsbericht, gouf eng Gedenkminutt fir déi verstuewe Membere vum Veräin ageluecht a besonnesch un den Norbi Dostert, Fähnrich, fréiere Comitésmember a laangjärege Member geduecht, deen eis Ënn November 2025 fir ëmmer verlooss huet.


2025 hat sech eise Conseil d’Administration nei opgestallt, a sou konnt eis frëschgebake Caissière Nadia Clement hiren éischte Keesebericht presentéieren, deen och direkt vun de Keeserevisore, ewéi och vun der Assemblée Générale ugeholl gouf. Duerch de Sponsoring, ettlechen Donatiounen a Subsiden, kann de Sängerbond déi kommend Manifestatiounen an Ugrëff huelen.


Eng ganz erfreelech Noriicht war, datt net nëmmen de Veräin, mee och de Comité, nei Membere krut. Nom Depart vum Marguy Toussaint-Lorentz, krut de Comité zwou nei Kandidaturen eran an esouwuel déi ëremwielbar Memberen, ewéi och déi nei Kandidaten, kruten all déi voll Stëmmenzuel. Sou setzt sech de Comité 2026 follgendermoossen zesummen: Manfred Logeling, President, Joëlle Muller, Vize-presidentin, Fanny Borschette, Sekretärin, Nadia Clement, Caissière a Sandrine Bonnemberger, Patrick Meyers a Betty Weis, Memberen.


Zum Schluss huet deen neien Dirigent Jean-Paul Majerus nach d’Wuert u Memberen an Éieregäscht geriicht a sech frou gewisen, dierfen un der musikalescher Spëtzt vun deem Chouer ze stoen, wou hien als jonke Mënsch seng éischt gesanglech Erfarunge gemaach huet. Vill flott Projeten huet hie fir déi kommend Joren annoncéiert, ugefaange mat dem lëtzebuergesche Programm, deen den 9. Juli zu Dikrech an den 12. Juli zu Veianen wäert presentéiert ginn. Duerno kommen natierlech déi 2 grouss Concerte fir den Anniversaire: Den 12. & 13. Dezember „Noël en lumière 2026“ mat der Entente des Chorales de Diekirch an den 13. & 14. Mäerz 2027 den Ofschlossconcert „In Memoriam Jos Kinzé“, zesumme mat der Chorale Municipale Sangerfreed vu Beetebuerg.

Um traditionelle Banquet, de 17. Januar am Jardin du Portugal zu Dikrech, hu sech de Sängerbond mat sengen Invitéë fir ee gudde Maufel an ee flotte Moment getraff. Bei där Geleeënheet, krut d’Marguy Toussaint-Lorentz nach emol Merci gesot a gouf mat engem klenge Cadeau an engem Bouquet Blummen, no 15 Joer a seng wuelverdéngte Comitéspensioun geschéckt. Duerno goufen aus der Hand vu President an Dirigent eng ganz Rëtsch Diplomer verdeelt: Sophie Gidt, Médaille de mérite en bronze, Andy Loor, Nadine Milbert a Simone Winandy-Huss, Médaille de mérite en argent, Norbi Dostert, Médaille de mérite en vermeil avec palmette, Marianne Heutz-Weber a Jacqueline Schmit-Majerus, Médaille en argent Grand-Duc Adolphe.


D’Chorale Municipale Sängerbond Dikrech freet sech, fir mat hire Frënn an hirem treie Public, 2026 hiren 175. Anniversaire ze feieren. Vill Chéier kommen op Dikrech, fir eisem Veräin ee Concert ze sangen. Den Ufank mécht de 15. Mäerz d’Maîtrise aus der Kathedral, duerno den 18. Abrëll den Ensemble Vocal Cantica an zu gudder Lescht de 26. September de Kammerchouer vum Kölner Männergesangverein. Mee och eng Expo, Atelieren, Workshops an anere Concerte stinn d'Joer iwwer um Programm. Detailer fannt dir op www.sbd.lu.