Kachconcours vun der Nordstadjugend

De läschte Samschden am Oktober huet d'Nordstadjugend a Kollaboratioun mat der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg – EHTL an dem Service nationale de la jeunesse di 25. Editioun vum Kachconcours fir Jonker am Alter tëscht 12 a 26 Joer, organiséiert.

Dëse Projet soll Jonken d'Méiglechkeet bidden, eemol an enger professioneller Kichen ënnert professioneller Leedung ze kachen an de Beruff vum Kach kennezeléieren. Mat 10 Ekippen wor och dëst Joer de Kachconcours nees ausgebucht, an d'Stëmmung wor genial.

Fischstäbecher ënnert Fingerfood-Form als Entrée, Pouletssträmpelen als Haptplat mat Geméis a Gromperen, an e Kürbiscake als Dessert, dëst wor de Menü, deen d'Jury ab 19.00 huet dierfe bewerten. Niewt Kreativitéit, der Presentatioun an dem Goût goufen awer och Teamwork an Hygiène an der Kiche bewert.

No 4 Stonne kachen an uriichten, goufen eng ganz Reih gutt a flott Platen presentéiert, mat um Enn 3 stralende Gewënnerinnen dem Lena, dem Lara an dem Jessy. Gratulatioun!!!

Mir soen all den Ekippen e grousse Merci, dass se matgemaach hunn, an eise Partner villmols merci fir di jorelaang Ënnerstëtzung. Mir freeën eis schon op d'Editioun 2023.

Weider Fotoen sinn op eiser homepage www.noju.lu ze fannen.