Animateur-Formatioun Brevet A vun der Nordstadjugend

Och dëst Joer huet d’pedagogescht Personal vun der Nordstadjugend eng Animateur-Formatioun fir Jonker ab 15 Joer ugebueden, déi an der Jugendherberg zu Beefort stattfonnt huet.

Dorunner deelgeholl hunn 18 Jonker tëscht 15 an 22 Joer.

De Brevet A preparéiert di Jonk drop, Kanner a Jonker wärend enger Fräizäitaktivitéit (ouni Iwwernuechtung) an ënner Opsiicht vun engem Verantwortlechen ze betreien. Den Animateur ënnerstëtzt e Verantwortleche bei enger Aktivitéit mat Kanner oder Jugendlechen.

D’Ausbildung huet aus 30 Stonnen Theorie bestaan an zousätzlech mussen di Jonk nach 20 Stonne Stage an enger Maison Relais, bei Vakanzenaktivitéite fir Kanner, oder an engem Jugendhaus maachen. Elo am Dezember kréien si hiren Diplom „Animateur A“ vum Service National de la Jeunesse iwwerreecht.

Am Mëttelpunkt vun der Ausbildung stoungen ënner anerem Theme wéi:

-Grondkenntnisser vun der Risikopräventioun (Basiskenntnisser vun der 1.Hëllef, Sëcherheet, …)

-Grondkenntnisser vun der Betreiung vu Kanner a Jugendlechen (Entwécklung vum Kand, Spill- an Erliewnispedagogik, Gesondheet an Ernierung, aktive Kachatelier, …)

-Verantwortung vum Betreiungspersonal

D‘Team vun der Nordstadjugend huet all déi wichteg Saachen op dynamesch, spilleresch a flott Aart a Weis un di Jonk ru bruecht, déi wärend der Formatioun ganz interesséiert an opmierksam waren.

Och d’nächst Joer bidd d’Nordstadjugend dës Formatioun nees un, an zwar vum 11. bis de 14. Abrell zu Medernach.

Fir méi Informatiounen iwwer hier Servicer, Aktivitéiten a Projet‘en, kuckt op hier Homepage www.nordstadjugend.lu

More news by Nordstadjugend asbl. >