Scheckiwwerreechung am Musée National d’Histoire Militaire

Kuerz nom Ufank vun der Ardennenoffensiv (16.12.1944) goufen déi jonk Geschwëster Georgette an Emile Thommes vu 4 amerikaneschen Zaldoten, dorënner den U.S.-Zaldot Peter P. Majkut, déi bei der Famill Thommes zu Wäiswampech aquartéiert waren, mat an d’Belsch op Houffalize a Sécherheet bruecht. Dobäi goufe Si awer vun hiren Eltere getrennt. Hir Flucht, gepräägt vun Honger a Keelt, huet se weider iwwer Brisy an Taverneux op dat amerikanescht besate Baaschtnech bruecht. D'Geschwëster goufe schlussendlech am Januar 1945 vum Roude Kräiz an d'Stad bruecht, wou si ee Mount laang gesond gefleegt goufen. Eréischt Enn Mäerz 1945, krut hire Papp Bescheed gesot, wou seng Kanner wieren. Den 23. Mäerz war d’Famill erëm zesummen. Dës emotional Geschicht ass duerch e Bréif, den den Zaldot Majkut 1947 vum Papp, dem Jean Thommes krut, reicht 2019 op d’Tapéit komm. Mat der Publikatioun vum Bréif am Lëtzebuerger Wort sinn 2019 duerch d’Hëllef vum Militärmusée d’Familljen erëm a Kontakt komm. Läschte September waren et du esou wäit, wou d’US Familljen Holland-Majkut, Orloski a Yakubchak schlussendlech op Lëtzebuerg koumen an mat der Thommes Famill eisen Musée National d’Histoire Militaire besicht hunn. Eisen Historiker, de Philippe Victor hat hinnen eng Visitt guidée vun der Expo „Ons zerschloen Dierfer“ gemaach, wou d’Geschicht vun den Thommes Kanner och erzielt gëtt. Begeeschtert vum Engagement vum Jean-Claude Thommes an dem Musée senger Aarbecht, déi perséinlech Geschichte vun der „Battle of the Bulge“ lieweg ze halen, hunn d’US Familljen Holland-Majkut, Orloski, Couet, Bastoni eis als grouss Unerkennung eng Donatioun vun 2000 $ gemaach. Bei der Iwwerreechung huet de Vice-Präsident Marc Rosch am Numm vun der Associatioun e grousse Merci ausgedréckt. Et bestäerkt eis fir mat eiser Missioun an der Erënnerungskultur weiderzefueren.

Ekipp vum MNHM