Sonnegt Wieder haat ronn 20.000 an d'Sauerstad gelackelt, wou d'Ieselen d'Fuesend matt vill Stëmmung an gudder Laun begréisst un. No laangen Préparatioune wor et um Fuessondig esou weit: Déi 66 Ween a Museken hun sech durch d'Menschenmassen vun der Gilsdrëfer Strooss bis zur Aaler Seeërei beweegt, wou duerno nach bis an déi fréih Mueresstonne gefeiert gouf. Schon elo get sech op déi 33. Editoun vun der "Dikricher Cavalcade" gefreet.