"Steampunk Festival 2011": Interview mam...Co-Organisator Oliver Kayser (mat Video)

- Oliver, wéi koum et zu dësem Event?

„Ech wor ëmmer faszinéiert vun deeër Epoque ëm 1900...de Motto ass jo „Anno 1900“...d’Fotoen aus deeër Zäit, d’Kostümer, … Et wor Zäit vum Opbroch an e neit Zäitalter. Et wor d’Zäitalter vu der Industrialiséierung, vu der „Bohême“, vu Verlaine a Rimbaud, vu der Populärkultur mat Zirkus a richtege Schausteller, wéi et se haut bal net méi gëtt. Wéi zum Beispill haut de Georges Christen; ech fannen et formidabel, wat dee mëscht.“

- Also Nostalgie? Wär do net en „normale“ Reenactment Convent duergaangen?

„Nee, et geet méi wäit ewéi dat. Et ass alles: Den Damp, d’Mechanik, d’Zännrieder. Och d’Entdeckungen deemools. Vill Erfinder woren deemools jo net studéiert. D’Welt war nach zu engem gudde Deel onbekannt…okay, d’Leit waren och manner opgekläert deemools…An haut sti mir, genau ewéi deemools, erëm eng Kéier op esou enger „Schwell“. Deemools wor et d’Arrivée vun der „Ere industrielle“, haut ass et déi vun der Technologie. An och haut gëtt et erëm Krisen, Depressiounen, Onsecherheet…awer och neien Interessi fir d’Technik, an och fir d’Ëmwelt. Alles dat gëtt am „Steampunk“ opgegraff. En Opweises an eng alternativ Zukunft.“

- A firwat grad „Steampunk“?

„Ech wor laang op der Sich no esou eppes. Bis ech eng Sendung doriwwer op der d’Telé gesinn hunn. Do wosst ech: Dat ass et, dat do läit mir! – U sech ass et d’Iddi, besonnesch bei de Maschinnen, dat Schlicht a Funktionellt mat deem Esthetëschen ze verbannen.“

- An d’Leit kënne eppes domat ufänken?

„Am Ufank konnten d’Leit déi Saach net esou richteg situéieren. Vläicht och, well „Steampunk“ ëmmer nëmmen eng Randerscheinung wor op aneren Events, wéi Comic Conventions oder „Cosplay“ Treffen. Mä lues a lues kënnt et. Wann d’Leit eis gesinn, soe si op eemol: ‚Ma, daat do kënnen ech dach; aus dem Film „Wild Wild West“, oder „Golden Compass“, an „League of Perfect Gentlemen“.‘ An natierlech däerf de Jules Vernes a deeër Opzielung ni fehlen.“

- A wéi goung et du virun?

“Ech hunn am November, Dezember d’lescht Joer dunn e Dossier preparéiert an eragereecht. U sech koumen à priori nëmmen 2 Siten a Fro; déi al Schmelz zu Déifferdeng an den „Parc Industriel et Ferroviaire“ zu Fond-de-Gras. A wéi ech bis hei passéiert wor, wor et ganz kloer: Hei muss dat oflafen! Ech hunn mech dunn am Februar mam Här Humbel [den Coordinateur général vum Parc] gesinn, an hien war och direkt ganz begeeschtert vun der Iddi.(…) An duerno goung et ganz schnell; Publicitéit dofir maachen, d’Händler kontaktéieren, op den entspriechenden Internetsite d’Fans uspriechen...“

- E lescht Wuert?

„Jo, ech sinn ganz iwwerrascht, a ganz frou, wivill Leit bei dëser Première dabäiworen. Ech hoffen, mir kënnen dat Ganzt demnächst erëm eng Kéier widderhuelen. En zwee Joer villäicht. Dann erëm op dësem Site, awer ënnert engem anere Motto wéi dës Kéier…Mir hu do schon e puer gut Iddien.“

(Cy)