(Video) Den Déifferdanger Keramik Péckvillchen 2013 ass do ……

Den Déifferdanger Keramik Péckvillchen 2013 ass do ……

Elo sinn se do , Frësch aus dem Uewen, den "Déifferdanger Keramik Péckvillchen 2013" , eng Kreatioun vun der Kënschtlerin Myriam Zimmer-Hoffmann vu Suessem . Inspiréiert gouf sech dëst Joer un der Baartmees (Bartmeise) .

Den Déifferdanger Keramik Péckvillchen ass am Verkaf den 16. an 17. März 2013 zu Uewerkuer an der Sportshal um 35. Déifferdanger Ouschter, Hobby- an Konschthandwierkermoart deen organiséiert gëtt vun Hobbydiff94 dem Supporterclub vum HB Red Boys Déifferdeng.

Ausserdeem kann en direkt bei der Kënschtlerin bestellen , internet: http://www.keramik-eck.lu oder mail: myriam@keramik-eck.lu