Winterdreams 2018 - Elo sinn se do, frësch aus dem Uewen ...

Elo sinn se do, frësch aus dem Uewen, den Déifferdenger Keramik Schnéimännchen dee päift "Editioun 2018" , eng fuschnei Kreatioun vun der Kënschtlerin Bernadette Igel vu Biergem.
D’Iddie vun de Keramik Schnéimännercher déi päife koum virun enger rei Jore fir Ouschtere bei den alljäerleche Péckvillercher. Zanter hier gouf et all Joer fir Winterdreams e neie Schnéimännche vun der Kënschtlerin Myriam Zimmer vu Bieles. No 10 erfollegräiche Schnéimännercher déi päifen vun der Kënschtlerin Myriam Zimmer-Hoffmann vu Bieles ass den Zaitpunkt fir ëppes neits komm.
2018 gëtt et elo e neie Schnéimännchen an zwar den "de päifende Schneigloubickz" vun der Kënschtlerin Bernadette Igel vu Biergem. D'Schneigloubickze sinn tëschent 10-12 cm grouss, alles Unikater an obscho Si sech gläichen, sinn se all verschidden.

D'Keramik's Kreatioune vun der Kënschtlerin vu Biergem bestinn oft aus Gesiichter a Männercher déi aus enger Fantasiewelt kommen, ähnlech ewéi d’Trollen aus den nordesche Länner. D’Gesiichtsausdréck si frëndlech a witzeg, kombinéiert mat flotte Faarwen, a sollen d'Léit zum Schmunzele bréngen a Liewensfreed vermëttelen.

Déi nei Keramik Schneigloubickze déi päifen sinn an enger limitéierter Oplag exklusiv am Verkaf den 10. an 11. November 2018 zu Uewerkuer an der Sportshal bei de WINTERDSREAMS 2018 dem 45. Déifferdenger Hobby- a Konschthandwierkermoart organiséiert vun Hobbydiff94.