Brocante Bohey / Doncols spendet 4.000 € für wohltätige Zwecke

Och dëst Joer gouf fläisseg all Sonnden zu Bohey/Doncols e flotte Floumaart ofgehal, vun Abrëll bis Oktober.

Merci all den Aussteller, mee och alle Visiteuren, fir hier Trei an hier Begeeschterung fir déi gutt Saach.

Dank desem groussen Asaz konnt d'Valeur vum Standgeld an Héicht vun insgesamt 4.000 € gespend ginn, an zwar an gläichen Deeler vu jeweils 2.000 € u folgend Associatiounen : ALUPSE a.s.b.l. vu Gasperech, souwéi PARKINSON LËTZEBURG a.s.b.l. vu Leideleng.

E grousse Merci och de Vertrieder vun den zwou Organisatiounen fir hier Präsenz bei der Scheckiwwerreechung.