15. August - Assumptio - Krautwëschdag - Léiffrächekrautwëschdag

Et kënnt märr vir ewéi wann et gëschter gewiescht wär an ech ëm dës Zäit nach bei der Bummes (Groussmamm vo Knapphouschent) an der Vakanz wär. Fir „Mariä Himmelfahrt“ gouf natierlech mat alle Kräider a Friichte vom Feld an aus dem Gaart e Wësch gebonnen. Dee gouf da mat an Houmass geholl fir e seenen ze loossen. Zu Knapphouschent hott een deemools dann iewer nach vo Klenghouschent op Grousshouschent an d'Kierch goen, do wou deemools den Hw. Aloyse Sünnen Paschtouer war. D'Fest Mariä Himmelfahrt, wat bei eis nach e gebuedene Feierdag ass, war ofanks um 18. Januar gefeiert ginn. D'Kierch hott et dunn awer am Joer 582 op de 15. August festgeloocht. An där Zäit ass dann och de Gebrauch entstanen, dass de Paschtouer, deen aus Kraider gebonnene Wësch , deen déi Gleeweg mat an d'Kierch broocht honn, geseent hott.

De Brauch fir d'Kraider ze seene schéngt et och schonn an der virchrëschtlecher Zäit ginn ze honn. Den hellegen Eligius wiedert dogéint an enger Opzielung von heednesche Gebräicher. D'Kierch hott d'Fest an den August verloocht fir d'Fest von enger heednescher Gëttin a Vergiessenheet ze bréngen, déi wéi de réimesche Ceres, Hällem als Attributer hat.

Och verschidde Schrëftsteller beschreiwen an hiren Wierker de Wësch, esou zum Beispill den Paul Noesen:

De Krautwësch gëtt erbäi gedroen

Aus Gaart a Feld, aus Griecht a Gronn:

Eng Muert, eng Ei, Zalfei a Raut,

Eng Strëpp a munnech aner Kraut.

De Krautwësch gëtt vum Papp gebonn,

Vum Kand an d’Kierch gedroen;

Do seent mat hellegem Wuert den Här

dat mannste Kraut, déi klengste Kär.

An d’Léiffräche kuckt vum Himmelsgaart

Erof wéi op e Blummemaart

A weist voll Léift dem Jesuskand

Déi Kraider an der Kannerhand.

D’geseente Muert gëtt mëttes giess

An d’Ei beim Séien net vergiess,

De Rescht gëtt un eng Dunn gehaang,

Wou hänkt e Méint a Jore laang.

Bis en sech streckt zum leschte Schlof,

Dann huelen d’Leit e Wësch erof

A leen him deen an d’Doudelued,

Vläicht hänkt och déi schonn an der Pued.

Meng Bummes, d'Helène Meyer - Mélan hott dat an de Wësch gebonne wat hire Gaart hierginn hott, ma si wousst iewer och, dat e richtege Wësch aus mindestens neng Kraider zesomegestallt gouf, an dat hat seng Grënn. De Wësch verkierpert d'Ernierungs- an d'Heelkraaft von engem ganze Summer an dofir däerfen follgend Planze net feelen. D'Käerzebloum (Königskerze), den Haartnol (Johanniskraut), den Härgottsbärtchen (Wiesenknopf) an den Däiwelsablass (Wiesenskabiose), déi zesomen mat dem Weess (Weizen), dem Kar (Roggen), der Huewer (Hafer), der Geescht (Gerste), enger Muert (Möhre) an enger décker Enn (Zwiebel) de Wësch zu engem herrlech richende "Krautwësch" gemach honn. Ma et konnten och Léifstack (Liebstöckel Umbellifaere ) a Batteralzem (Wermuth Artemisia absinthium), Raut (Zitronenkraut, Artemisia abrotanum) an Zalfei (Salbei Salvia), Pëlpes (Goldhahnenfuss Ranunculus auricomus) an Ouschterluzei (Osterluzei Aristolozia clematis), Boxeknäpp (Rainfarn Chrysanthemum vulgaris) a Kazekraut (Baldrian Valeriana officinalis), Strief (stumpfblättriger Ampfer Rumex obtusifolius) an och Bréidercheskraud (Wegmalve malva neglecta) an engem schéine Wësch dra sinn.


Wa märr dann no der Houmass erëm doheem "an Tines“ waren, ho märr Kanner därfen déi réi Muert iessen. Elo war se natiirlech vill besser wéi déi am Gaart. „an Tines“ war den Hausnôm, ma et goufen der och, déi et „beim Meyer“ genannt honn. Wéi märr hei zu Draufelt e Wësch gebonnen honn, ho märr mussen op Pënsch an d’Houmass goe fir de Seegen ze kréien. Ma hockt ho märr näischt méi zu Pënsch ze dinn, märr sënn sougenannte Cliärrwer Pôrkanner.


Mam Messer gouf e Kräizschnëtt an d’Enn gemaach a da koum se an de Véihstall hänke fir all Krankheete von de Béischten ze halen. D’Kären aus de geseente Éie goufe mat der Somfruucht a mam Broutwees gemëscht. De Rescht vom Wësch gouf um Gespier opgehongen fir sech géint all Ongeziefer ze schützen. An hott an där Zäit een aus dem Haus sech op de leschte Wee gemaach, krouch hien an der Lued e Wësch ënnert de Kapp geloocht.


Et gëtt och gesot, dass dem Nationaldichter Michel Rodange seng Léift zur Heemecht mat engem Krautwësch ze vergläichen ass. Do gëtt et dofteg Bloumen, mee iewer och de Geroch von der Enn an dem Batteralzem. Hee war voll dës Luef fir d’Land a seng Leit, mee konnt och nodenklech a kritesch ginn, esougoor iwwert sech selwer laachen.


An enger Rubrik mam Numm „Briefe vom Alltag“ schreift e gewësse Brudder Klaus on de léiwe Josef an erwäänt a sengen Ausféierungen op enger Plaz follgend Feststellung: … „Wéi konnt ech iwwer d'Gewunnechte vun eiser Kierch schwätzen, ouni un de Muttergottesdag ze denken, wou Felder a Gäert a parfüméierte Wëscher an d'Kierch musse goen! Keng Heelplanz, egal wou se stoung, konnt bei engem richtege Kraiderwësch feelen; D'Kierch huet deen Dag würzeg a schaarf Geroch no Batteralzem, no Peffermënz an Ennen. Von allem wat dobaussen, nach virom Schnëtt um Gewann stoung oder schonn op de Kascht gesat gi war, war eppes an Wësch dran. Natierlech wëll ech et net verstoppen, das et wäärend der Priedegt heiansdo en stéierend Hantéieren an onnéideg Gerabbels an de Jongebänke gouf. Et ass och virkomm, wéi mir glafwierdeg gemellt gouf, datt direkt ënner dem Priedegtstull e Jong seng Kraaft on enger geseenter Muert getest hott. Fir esou Zoustänn ze verhënneren, musse vun elo un all Kraiderwëscher viron der Mass op den Altor broocht ginn. D'Tatsaach ass, datt, grad wéi an der weltlecher Welt, den Onfug an der kierchlecher Welt ni komplett ausstierft. Ech konnt och net erausfannen, ob d'Kraiderwësch gemaach gi fir hiren Zweck am Aklang mat dem kirchleche Seegen ze erfëllen. An e puer Haiser hunn ech sécherlech d‘Kraiderwësch gesinn, déi mat Stëbs a Spawecke bedeckt an de Gespärer hänken…“.

1932 schreift den Editeur Paul Noesen am Juliheft vom „Luxemburger Schulbote“ iwwert de Gebrauch vom Krautwësch folgend Gedankegäng:

„Es ist der Krautwischtag auch eines der wenigen Feste,

denen die Gewinnsucht noch nicht ihren geschäftlichen

Stempel aufgedrückt hat, wie dies leider für Weihnachten und Ostern heute der Fall ist, wo außerhalb der Kirche fürden christlichen Gedanken wenig Raum bleibt.

Die dürftigen Wischlein, die arme Leute an den Portalen

der städtischen Kirchen feilbieten, können nicht als

Beweis für das Gegenteil angesprochen werden.

Da gerade die Kinderwelt beim Sammeln des Wisches und

bei der Segnung in der Kirche hervorragend beteiligt

ist, ist dieser Tag auch rechtein Fest der Kinder. Wenn dieSchule dieses volks- und kindertümliche Fest in den Kreis

ihrer Arbeit einbeziehen will, findet sie deshalb reichlich Gelegenheit. Am Anschauungsunterricht,in der Heimat-kunde, auf naturkundlichen Unterrichtsgängen, im

Deutschunterricht ist in der Zeit vor Maria Himmelfahrt

oft Anlaß, über den Brauch der Kräutersegnung zu

sprechen und oder schreiben zu lassen."

In einer klaren Übersicht stellt der Verfasser dann die

Zusammensetzung des Krautwisches, die religiös-

liturgische Bedeutung der Kräutersegnung und die

Verwendung des Krautwisches dar. Anschließend ergänzt Herr Lehrer Trauffler diese Stoffzusammenstellung mit

der methodischen Verwertung des Lesestückes

«Liebfrauen - Krauttag“. ….

An och wärend der Besatzungszäit von 40 bis 45 honn d'Preisen de Wësch als e Brauch aus der algermanistescher Zäit dorgestallt. Am Escher Tageblatt vom 15. August 1942 ass esou en Text ze fannen. Den anonymmen Schreiwer fonnt, dass d'Nimm von de Kraider op algermanistesch Gottheeten hiweisen an dat d'Germanen all Déier, all Boom an all Planz ënnert d'Ophutt von engem iwwerierdeschen Wiese gestallt an doduerjer konnten de Kraider Heelkräften zougedeelt ginn

Quellenangab:

Edmond de la Fontaine - Luxemburger Sitten und Gebräuche

Henri Klees - Luxemburger Pflanzennamen

Luxemburger Wort von eluxemburgensia

Luxemburger Schulboote vom 7. 1932

Obermoselzeitung von eluxemburgensia.