D'Noocht vom 21. op den 22. Januar 1945 zu Draufelt (2)

...Mäi Pätter hat eng Schëppekapp op. An enger Hand hat hien eng Tut mat Miel, an der anerer eng mat Zocker. Tëschen den Zänn hatt heen nach en Hout* gedroen. Op der Bréck hatt de Pätter gejéimert a meng Tatta Anna sot him: "Papp, werf dach den Hugt an d'Baach". Wat heen och gläich gemaacht hatt. An der Äischerstrooss, hannert deem Draufelter Kierfecht, do wou ee soss esou schéin op d'Duarref gesäit, gesouche mir wéi eist Haus mam Daach zesame gefalen ass. "Datt ee su eppes

nach muss erliäwen." sot de Pätter a sengem Munzer Platt an heen hatt gekeimt ewéi engt wond Déier. Sengt Liäwe laang hatt heen éierlech a schwéier geschafft, 12 Kanner grouss gezunn, an elo dat do!

Hueschter's Gréit hat eng schwéier Posch, de klenge Roland um Arem an den Albert an der Hand. Si hat hart gekrasch a gejaut: " Ech kann net méi, ech kann net méi, wat soll ech nëmme maachen, ech hätt néidig se wee ze geheien." Mir hann als Kanner alt gehollef droe wat mir konnte, a mir koumen egal wéi beim Gardhaischen viran Äischer an. Mir konnten net an d'Duarref era goen, wëll d'Bréck wor gesprengt an et wor tëschen 11 an 12 Auer naats. Ier ech Schluss maachen, léif Leckt, mus ech Eech awer nach dat hei erzielen. d'Männer, déi méi al versteet sech, d'Froen an d'Kanner

luschen om Buadem am Haischen. Ouni Feier, ouni näischt. Déi méi junk Männer stoungen an der Dier, et hätte jo nach Preise kéinte kommen an dann hätten si gerouf: "Zivil, Zivil."

Op eemol koum tatsächlech nach e Preis von Draufelt hier. Hee koum méi no an op d'Gardhaischen zou. "Zivil" hann eis Wiächter gerouf. De Preis koum eran an hatt sich d'Leckt agekuckt. An déi ha geziddert, dat konnt Dir gleewen. Du hatt de Preis déi Draufelter Leckt kannt. Heen hatt säi „Keepi“ afgedunn, a wee wor et?

Ma Fiäschter Félix va Maarnich, dem Micheline Seil säi Papp. Hee wor nach mat enger

„Nachschubkompanie“ zu Doosbuerg iwwert d'Grenz kommen. Hie sot, hie misst "austreten" a fort wor heen.

Zu Maarnich wor kee méi vo senge Leckt. Dunn ass heen ze fouss op Draufelt bei Péitesch gaangen. Do wor och kee Mënsch. Dunn hatt hee gedaacht, da gees de op Selschent, do wor hee fréier fir Kniecht. Do hatt hee seng erstaunten Elteren erëmfonnt. Wat hat de Félix do eng Chance. Mir woren wéi erléist, well hee sot: "Hei ass keng Gefor, ech sënn van de Preise gutt fortkommen. Heen hatt bis moies um Buadem geschlof ewéi engt Muermeldéier. Et hat kee vill Gezei oder soss Saache konnte mathualen, ma an Zäit va 5 Minutte wor de Félix een Zivilist a seng verhaassten Uniform louch an der Baach.

Dee gudde Félix hatt eis dunn nach moies ier heen op Selschent goung, mat enger Leeder, eng Noutbréck iwwert d'Baach gemaach. Sou koume mir all zesamen op Äischer bei d'Schwësteren an de Keller, do wou mir nach 14 Deeg woren, ouni d'Schung auszedunn.

Schnegder Ketty an Emile krouchen deen Owend och hire klenge Léo va 4 oder 5 Joer. Zu Munzen "a Wisen" wor an der Uecht eng Granat an d'Stuff ageschloen. Papp a Mamm, 2 Geschwëster an e Mann woren duckt an deen aarme Klengen hat eleng iwwerliäft. Hee gouf van de Männer vir op den Ärem gedroen, heen hat den Hënner voll Wonnen a Splitteren an hat och nach keng richtig Behandlung kricht.

Dat wor immens schwéier bis op Äischer. Mir wore nach muerges derbäi, wéi d'Krankeschwëster deem klenge Männchen d'Splitteren, ouni Narkos eraus geholl hatt. Dat sënn elo 50 Joer hier, an ech mengen, Dir léif Leckt géift mir Recht wann ech soen, dass trotz oder ausser Weltraumfahrten an Atomreakteren sech net ganz vill geännert hatt.

80 Joer dono gëtt et ëmmer manner Zäitzeie von deemols, och d’Hélène Jacobs ass de 25. Mäerz 2019 gestuerwen. Esou e ronne Joresdag von den béisen Ereegnesser aus dem zweete Weltkréich hei am Duerf ass eng gutt Geleeënheet sech nach eng Kéier on déi batter Zäit ze erënneren, een ze lauschteren oder ze liesen, fir sech viron Aen ze féiere wat deemools geleescht gouf, fir dat märr am Fridde liewen. Et ass eng Pflicht sech dron ze erënneren an dat ass dat beste Mëttel géint de Vergiess.

* E poor Bemierkungen zu eiser Sprooch. Dat wat d’Dammen an d‘Häre géint de Reen oder d’Sonn op de Kapp dinn, ass zu Draufelt en Hukt an zu Munzen a Maarnich en Hout. Hei ënnen zu Draufelt am Duerf ass d’Sprooch e bëssen anischt ewéi do uawen am Duarref Munzen oder Maarnich. Hei käche märr eng Kachicht Gromperen an si kachen engt Dëppe voll. A bei eis sëtzt alt mol nach en Hos am Gromperestéck a bei hënnen ass dat dann en Has.