4500€ fir Kriibskrank Kanner vum Interesseveräin Brill Diddeleng

Fir hiert Joer mat enger gudder Dot ofzeschléissen, huet den Interesseveräin Brill vun Diddeleng der Fondatioun Kriibskrank Kanner e Schéck iwwer 4500€ iwwerreecht. Ënnert de Vertrieder vum Interesseveräin war net nëmmen de Serge Bonvini am passende Weihnachtsmann-Kostüm, mee och den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana.


D’Fondatioun Kriibskrank Kanner freet sech, schonn fir d’zweet Joer e generéisen Don vum Veräin kritt ze hunn. Déi Suen erlaben der Stëftung sech weider fir kriibskrank Kanner an hir Famillen anzesetzen an de Kampf géint de Kriibs weiderzeféieren. Wann och Dir d’Aarbecht vun der Fondatioun ënnerstëtze wëllt, kennt dir dat mat engem Don op follgende Kont maachen: LU17 0028 14084840 0000