100 Jaouer Daring Eechternoach - Mir erënneren is

De 7. Februar ass d‘Buch "100 Jaouer Daring Eechternoach - Mir erënneren is" op der Gemeng virgestallt ginn. De Buergermeeschter Yves Wengler an d‘Schäffen Ben Scheuer a Ricardo Marques hu bäi dëser Geleegenheet ee Buch iwwerreecht kritt.


Op méi wéi 300 Säiten kucke mir zréck op d’Geschicht vum Daring. Interessant Artikelen, illustréiert mat ville Fotoen an Dokumenter, liwweren een Abléck op déi schéin an erfollegräich Zäiten mä awer och op manner schéin Zäiten, déi de Veräin an deene leschten 100 Joer erlieft huet. De Bréil a seng Vergaangenheet, d'Virgeschicht vum Daring, Perséinlechkeeten, déi de Veräin gepräägt hunn, dem Daring seng Arbitteren, d'Playprofs ... sinn nëmmen e puer vu ville weideren interessanten Sujeten, déi am Buch thematiséiert ginn.


D’Buch kann ee fir 35 Euro op der Gemeng Iechternach, am Trifolion an am Tourist Office Echternach kafen.