100 Jaouer Daring - Journée du Centenaire

De 17. September 2022 huet den Daring Club Echternach d’Festivitéiten vum 100. Anniversaire mat enger Journée du Centenaire am Trifolion ofgeschloss.

A Presenz vum Sportminister Georges Engel a vum President vun der FLF Paul Philipp ass an enger Séance académique op déi 100järeg Geschicht vum Veräin zréckgekuckt ginn. Fir de musikaleschen Encadrement huet en Ensembel vun der Harmonie Municipale Echternach gesuergt. Ee vun den Héichpunkten vun dëser Feier war d’Opféierung vum „Daring‘s Léid“, dat fir den 100.Anniversaire vum Danny Heuschen nei arrangéiert ginn ass. Eng Fotosausstellung huet u vill schéi Momenter an der Geschicht vum Veräin erënnert.


Fir de feierlechen Ofschloss huet ee Gala-Dinner gesuergt. Bei engem Patt an engem gudde Maufel hu sech fréier an aktuell Memberen u vill schéi Momenter am „Bréil“ zeréckerënnert. Allez Daring!