Journée du CENTENAIRE - 17. September 2022

Am Kader vum 100. Gebuertsdag vum Daring Club Echternach fënnt samsdes, de 17. September 2022 eng "Journée du Centenaire" am Trifolion statt.

Um 16 Auer fänken d'Feierlechkeeten un mat enger Séance académique. Uschléissend ass déi offiziell Presentatioun vun der Fotosausstellung « 100 Jaouer hannert dem Baalem», déi vum  12. - 25. September am Trifolion ausgestallt ass. Nom Eierewäin ass als Ofschloss nach ee Gala-Dinner fir  ancien an aktiv Memberen, dat ënnert dem Moto "Et ass schinn säich erëm ze geséin" .

Op www.daringechternach.com fënnt ee weider Informatiounen zum Oflaf a 
wéi een sech umelle kann.


Organisatiounscomité "100 Jaouer Daring"