Scheckiwwerreechung vun 12.500 Euro un Shelterbox BeLux asbl.

Zwee Service-Klibb an eng Asbl. haten sech zesummengedoen an den 31. Januar 2023 op eng sympathesch Scheckiwwerreechung un d’ Shelterbox BeLux a.s.b.l, vertrueden duerch den Präsident Thierry Reip, an den Restaurant Hertz-Pop up an der Staat invitéiert. De Club Soroptimist Echternach, den Rotary Echternach-et-Moselle an D'Liewen ass keen Kichelchen a.s.b.l. hunn zesummen d'Zomm vun 12.500 Euro gespent. Dës Suen ginn integral fir eng direkt Hëllef an der Ukraine agesat.