2x gewonn, 1x gläichgespillt, 1x verluer


Déi éischt Equipe vum Dt Äischen huet an enger spannender Partie am Spëtzespill 5-5 mat Lénger gespillt an rutscht domatter op déi 3.Plaz zréck.

Déi 2. Equipe huet sech am Lokalderby géint Habscht 1 missen mat 2-8 geschloen ginn an ass elo nëmmen nach 3. an der Tabell.
Déi 3. Equipe huet sech knapp mat 6-4 géint de Préizerdaul 3 duerchgesat an ass mat 11 Punkten nëmmen 1 Punkt hannert dem 1. an dat ass Nidderpallen 1

Déi 4. Equipe huet ouni ze spillen 10-0 géint Recken 7 gewann a klotert lues a lues an der Tabelle an d’Héicht(Plaz 8 vun 10)

Déi nächst Matcher sinn eréischt den 12.November


Lënster 5 - Äischen 1
Lëntgen 3- Äischen 2
Lëntgen 5 - Äischen 3
Cado 5 - Äischen 4