Staark fir d'Natur

Den 30 Juni 2012 war en wichtegen Dag fir 3 Scoutsgruppen aus dem Westen. Déi Äischener Scouten, Stengeforter Guiden a Scouten an D'Deckelsmouke vu Stengefort hunn sech staark gemaach fir d'Natur. Risenmikado, Slacklin, en Aafenbreck iwwert d'Äisch, Recyclingspill, Landart, waren nëmme puer Aktivitéiten déi d'Guiden a Scouten deen Dag erlieft hunn.

Extra deen Dag war net nëmmen dat 3 Gruppen aus 2 verschidde Verbänn zesummen en flotten Dag erlieft hunn, et huet ee mol net erkannt vu wat fir engem Grupp déi Guiden a Scouten waren. Vu Biber bis Albatrossen, a Beaver bis Rover haten déi 80 begeeschter Naturfrënn een extra Foular fir dësen Dag gemaach.

Si mer mol gespaant wat nach alles aus dem Weste kennt. Op allefalls déi Responsabel Chef waren sech eens et sollt net déi läscht Zesummenaarbecht sinn tëschent FNEL a LGS aus deenen 3 Gruppen.

More news by Äischener Scouten >