De Busarrêt "um Knupp" an Wendeplatz op der Place "J.-B.Esch" as en Topflop.

Erpeldang/Wolz:

Erpeldang mat senger schéiner klenger Kirch, awer mat enger geféierlecher Verkéierssituatioun, durch déi onverantwortlech katastrophal Buswendeplatz op der "Place Dr. Abbé J.-B. Esch" an enger Grünanlag (niewend den Häiser Nummer 12-16 op der Haptstroos um Knupp), dovun halschend vun der Grünanlag an der Stroos, anstatt en normalen Trottoir fir Foussgänger unzeléen.

De Busarrêt bei den Häiser Nr 8-10 as déi rengste Katastroph, weder Confort (wéi én Ënnerdach) fir Buspassagéier, an zudem gin Awunner vun den Häiser niewend dem Arrêt durch de Kaméidi an Knascht (wéi Zigarettenstömp a soss Offall) vun de Busbenotzer op hirem Terrain belästegt.

Déi ganz Grünanlag op der Haptstroos um Knupp as déi rengste Katastroph a mecht soss näscht wéi eng oniwersichtlech Platz, an mat vill Knascht durch Blieder am Hierscht, an dem villen Kaméidi vum Service technique vun der Gemeng Wolz, durch hir motoriséiert Kiermaschinen., Bléiser mat Verbrennungsmotoren (CO2 Drecksschleideren), sowéi d'Heckenschéierenmaschinen, fir desen Bësch an der Strooss propper ze halen.

An déi vill Blieder gin awer nach durch den Verkéier (den meschtens mat iwert 50 km/St. ugerannt kéint) bis an Entréen vun den Häiser geblosen, wou Uwunner dann Sauerei hun fir ewech ze man.

An dobai leie mer hei zu Erpeldang an enger Landschaft mat lauter Bësch rond rem, also iwerhapt keng Ursach an Bedarf och nach e Bësch lanscht Häiser unzeplanzen.

Dat sën onhaltbar Zoustän, besonnesch wann durch dat Uléen vun dëser onadäquater Grünanlag, och nach privat Terrain als "Trottoir public" benotzt an mëssbraucht muss gin.

An dat am Zentrum vun Erpeldëng, op der vill befuerener CR 325 vu Wolz op N7: (Eschweiler-Wilwerwiltz-Drauffelt-Weicherdingen- Eselborn-Clerf-Munshausen-Marnach-Hosingen), niewend enger Crêche an der Kierch.