Chèque Iwwerreechung am Lycée Hubert Clément

D’ Pimpampel a.s.b.l. vu Steesel, setzt sech dofir an, den Openthalt vun de Kanner an hiren Elteren an der Kannerklinik vum CHL sou gutt wei méiglech ze gestalten.   

Fir dofir ze suergen, kann een an hirer salle de jeux, un Activiteite wei coloriage, bricolage, lecture, baby-foot a Gesellschaftsspiller a puzzels deel huelen.  

D' Ekipp vun der Klinik, welch benevole schafft, ass ausserdeem och meeschtens am Krankenzëmmer vun de Patiente present a ginn hire Besoinen no, egal ob et ass fir virgelies ze kréien oder eppes mat hinnen ze spillen. Pedagogesch Spiller, wei och 3D-Helmer sinn och virzefannen.  

Pimpampel kann duerch materiell Spenden (Bicher, Spiller, …) wei och duerch finanziell Spenden ënnerstëtzt ginn.  

Aus dem Grond huet de Lycée Hubert Clément decidéiert de Benefice vun hiren alljärleche Chrëschtmaart un d’Pimpampel a.s.b.l. ze spenden an sinn an hirer wichteger Aufgab ze ënnerstëtzen.   

Den 10.03.2023 huet d’ Optioun Benevolat ënnert der Leedung vum Lynn Feyereisen de Chèque vun 1250 Euro der Mme Pia Krieps, Präsidentin vun der Pimpampel a.s.b.l. a Presenz vun der Schüler a Schülerinnen an der Direktioun iwwerreecht.   

Weiderhin goufen och nach 1250 Euro un “Niños de la Tierra” a.s.b.l. gespent déi sech dofir asetzen dat et am Chile, a Bolivien an am Peru manner Armut gett.


Francesco Martino