Sproochenuecht am Lycée Hubert Clément

Vum 21. op den 22. Abrëll hunn ëm déi 100 Schüler un der 5. Editioun vun eiser Sproochennuecht deel geholl. A verschiddenen Atelieren an Aktivitéite konnten si d’Sproochen e bëssi anescht erliewe wéi am Schoulalldag an hirer Kreativitéit fräie Laf loossen. D'Ateliere goufe vu Sproochen- a Konschtproffen, eiser Bibliothekärin a Schüler vun der Optioun Pimp my bib' ausgeschafft an encadréiert. No 2 Atelieren, engem gemeinsamen Iessen an enger kuerzer Virstellung vun deem wat an e puer Ateliere gemaach ginn ass, konnten d'Schüler den Owend bei engem Film oder Gemeinschaftsspiller ausklénge loossen, éiert um 1 Auer d'Nuetsrou agelaut ginn ass. E puer Klassenzëmmer sinn zu Dortoir'en ëmfunktionéiert ginn, wou d'Schüler geschlof hunn (hätte solle schlofen). No (respektiv virum) engem Croissant Samschdes moies, ass alles geraumt ginn éiert et um 10 Auer nees heem gaangen ass.

Merci all deenen déi drun deel geholl hunn a mär hoffen där sidd nees bei der nächster Sproochennuecht dobäi!