E bemierkenswäerten Don vun de Schülerinne vun der EPMC un d’Elisabeth Stëftung

D'Schülerinne vun der École Privée Marie-Consolatrice hunn eng grouss Generositéit bewisen andeems si eng Spendenaktioun fir d'Elisabeth Stëftung organiséiert hunn.


Um Chrëschtmaart hu si selwer gebake Kichelcher an handgemaachen Dekoratioune verkaf fir Suen ze sammelen. Duerch hiren Asaz ass eng bemierkenswäert Zomm vu 5.577€ zu Gonschte vun der Elisabeth Stëftung zesummekomm.


Mir soen de Schülerinne vun der EPMC villmools Merci fir hire generéisen Don. Spende wéi dës sinn immens wichteg fir dass mir weiderhin deenen déi Hëllef brauche se och kënne ginn.


Wann Dir och dorunner interesséiert sidd ze spenden, kontaktéiert eis gären op der E-Mail Adress secretariat@elisabeth.lu


Méi Informatiounen iwwer d’Elisabeth Stëftung fannt Dir hei: https://www.elisabeth.lu/elisabeth-steftung-2/