Let'z Botz - Pickitup Letzebuerg -Beschkollektiv

Den @Bëschkollektiv trëfft sech déi éischten Kéier mat @Lët'z Botz an @Pickitup Lëtzebuerg

weini???? !!!!! den 30 Abrell vun 10-16h00 !!!!!

Wou? Zu Esch um Gaalgebierg, 200 Meter vum Volleyballterrain ewech, beim Fola's Terrain Emile Mayrisch.

Ween hëlleft eis? D'Gemeng Esch stellt eis en Container an Schaffmaterial zur Verfügung.

Ween kann mat maachen? Et ass en ëffentlechen Event. Jiddereen, deen volljäreg ass, kann matmaachen, soll sech awer am Virfeld umellen, ënnert melodiecircus@gmail.com

Wéi laang dauert dess Aktioun? Jiddereen kann soulaang bleiwen wéi en Zäit, Loscht an Energie huet. D'Aktioun selwer ass vun den Associatiounen vun 10h00-16h00 geplangt.

Wat muss ech matbréngen? Et wär gutt wann jiddereen deen well mat maachen, en puer stabil Hännchen an viir sech selwer eppes ze drénken/iessen matbréngt.

Et ass déi éischten Kéier, wou déi 3 Associatiounen Bëschkollektiv, Lët'z Botz an Pickitup Luxembourg zesummen schaffen an un enger gemeinsamer Missioun deel huelen.

Wanns du eis wëlls kennen léieren, dech wëlls informéieren an/oder just wëlls eng Hänn mat unpacken, wëlls du och dovunner iwwerzeegt bass, dass et Zäit gëtt, mat dem ganzen Dreck an der Natur opzeraumen.

Mär freeën eis op en produktiven Daach an och dorop dech kennen ze léieren.

Checkt eis Saiten op facebook!
Let'z botz - Weis Bryan an Cindy Streitz
Pickitup - the pickies - Didier Picard
Roots Böschkollektiv - Raoul Thill