40 Liewensretter = 1500 Bluttspenden

40 Bluttspender aus dem Groussraum Nordstad sinn e Méinden fir hir respektiv 20, 40 oder 80 Donën vum Ettelbrécker Bluttspenderveräin « Porte des Ardennes » an der Däichhal geéiert ginn. Zenter Joren/Jorzéngten retten dës Bénévolen mat hirem Blutt Menscheliewen oder gi Patienten mat schlemme Krankheeten nei Hoffnung andeems se een bis véier Mol d'Joër zu Ettelbréck oder an der Stad Blutt spende ginn. Aleng dës 40 Donneuren bréngen zesummen iwwer 1500 Bluttspenden zesummen!

De Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf an d’Entente-Presidentin Marianne Breuer hunn de Bluttspender fir hiren onbezuelbar wertvollen Asaz fir d’Allgemengheet Merci gesot. Grad am internationale Joër vum Bénévolat mist een staark Zeechen setzen, sote béid Riedner.

Di aktuellsten Zuelen huet de Veräinspresident Christian Mohr presentéiert :

1 000 Bluttspender ginn 1 bis 4 Mol pro Joer zu Ettelbréck spenden

1 700 Bluttspenden huet d’Croix-Rouge 2010 bei 78 Passagen am Centre médico-social zu Ettelbréck recoltéiert

20 000 Bluttspenden sinn 2010 an alle Kliniken am Land gebraucht ginn

2 645 Bluttspenden koumen aleng an de Kliniken vun Ettelbréck a Wolz 2010 zum Asaz

ca. 2,5 Prozent vun der Populatioun spend Blutt

iwwer 70 Prozent vun der Populatioun brauch mindestens emol am Liewen friemt Blutt


Jidder verdingschtvolle Spender krut als klenge Geste vum Ettelbrécker Bluttspenderveräin eng apaart Deko-Taass, an déi mat 80 Donën esouguer nach een Set de bains dobäi. D’Ceremonie gouf mat engem klengen Häppchen an engem Patt - offréiert vum Comité - a gemittlecher Ronn ofgeschloss.

Wien gäre Informatiounen iwwert d'Bluttspenden oder d'Veräinsaktivitéiten hätt, kann dës beim President ufroen. Mail : mohrchristian(at)gmx.lu oder Tel. 621 77 02 27
 
Invitéën op der Ceremonie fir d'Donneurs méritants waren den Éierebuergermeeschter Pierre Kraus, den Député-maire Jean-Paul Schaaf, d’Schäffen Claude Halsdorf an Edmée Juncker, d’Entente-Presidentin Marianne Breuer, den Éierenveräinspresident Henri Lutgen, Vertrieder vun der Croix-Rouge Ettelbréck an dem Bluttspenderveräin Wolz.

Fotoën: Arlette Schmit