Fantasie, Magie, Adrenalin: d'Bluttspender am Phantasialand

Mat ville positiven Andréck am Gepäck ass den Ettelbrécker Bluttspenderveräin Porte des Ardennes de leschte Samsteg vun hirem Dagesaufluch an d'Phantasialand zeréck komm. D'Palette u spektakuläre Showen, Spiller an Inszenéierungen ass grouss am Fräizäitpark zu Brühl. Dovunner konnt sech bei agréabelem Wierder och de Grupp vun Ettelbréck maachen.

Di Couragéiert vun der Equipe hu sech op d'Black Mamba, de Mystery Castle an de Colorado Adventure getraut. De Motto housch do: elo haalt iech emol gutt fest un!

Fir magesch Momenter huet de Spëtzen-Illusionist Christian Farla gesuergt. Bei senger zäitweis düsterer Show mat héischem Ennerhalungswert huet hie sech e.a. mat grousse Seeën zerluecht a seng Ballets-Assistentinnen weg gezaubert.

Leider huet di nei Headliner-Show vum Phantasialand "Maus au Chocolat" wéinst technesche Problemer de Gros vun der Zäit net fonctionnéiert. Déi Leit vun den 40 Visiteuren aus Lëtzebuerg, déi iewer an dat neit Spill erakomm sinn, konnte sech beim Ofschéissen vu virtuelle Mais an der Patisserie défouléieren. Dobäi huet den Alter gewëss keng Roll gespillt. Eisen "Maus au Chocolat"-Top-Scorer war de Fred mat 199 500 Punkten!

Mee och d'Visiteuren, déi einfach nëmme gemittlech duerch de Park getrëppelt sinn, hunn een apaarten Dag erlieft. Di propper Anlag, Artisten a feine Kleeder aus enger aanerer Zäit, opwänneg Heiser-Deko a vill Terrassen mat Iess- a Gedrénksméiglechkeeten hu Loscht op ee Retour an dee flotte Park gemaach.

An Zukunft wäert den Ettelbrécker Bluttspenderveräin ähnlech Ausflich fir di ganz Famill organiséieren. Donieft arrangéiert de Club fir Memberen besser Conditiounen z.B. beim Centre aquatique Krounebierg zu Miersch. Bei Intressi un enger Memberskaart (5 Euro/ Joer) oder méi Infoen iwwert d'Aktivitéite vum Bluttspenderveräin aus der Nordstad, meld Iech w.e.g. mat enger Mail: mohrchristian (at) gmx.lu.

More news by Bluttspender Ettelbréck "Porte des Ardennes" (donneurs de sang bénévoles) >