.D’Ettelbrécker Guiden hunn 2 Schecken iwwerrecht nom Theater


Och dëst Joer hunn d'Ettelbrécker Guiden nees Kannertheater gespillt, eng Traditioun scho bal 40 Joer laang.


No zwee Méint intensivem Prouwen, Bühnebauen, Kleederbitzen, gouf de 4./5. an 11./12. November viru  méi wéi 1900 begeeschterten Zuschauer zu Ettelbréck am CAPe, de Räiber Hotzeplotz gespillt.


27 Kanner a Jugendlech tëschent  9 a 17 Joer stongen op der Bühn an hunn déi bekannt Geschicht vum Räiber Hotzeplotz, dem Sepp an dem Kasper erzielt.


Hannert a ronderëm d'Bühn ware méi wéi 90 Leit am Asaz, fir e gudden Oflaf ze garantéieren.


D'Ettelbrécker Guiden hu vun dëser Geleeënheet profitéiert fir der Asbl Trisomie 21 an der ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt een Don vun all Kéiier 1000 Euro z'iwwerreechen.

Text a Fotos: Ettelbrécker Guiden