No der leschter Theatervirstellung am CAPe zu Ettelbréck, huet déi Ettelbrécker LGS-Guidegrupp Ermesinde e Scheck vun 2000 Euro un d’ASBL ANDAMOS iwwerreecht. Dës Asbl ass aktiv a Bolivien an am Chile, a mécht Projeten mat Kanner, Jugendlechen an och fir eeler Leit. De Luc Azzeri huet am Numm vun ANDAMOS dem Grupp Merci gesot a vun hiren Aktivitéiten gezielt. Mat dëse Sue kënnen si an deene Länner vill Guddes a Positives man.
Dës Suen hunn d’Guide gesammelt, wéi si fir Ouschteren 6500 Är gekacht, gefierwt , geblénkt a verkaaft hunn. An dofir waren d’Hänn an d‘ Creativitéit vun alle Memberen wäerend enger Woch virun Ouschtere gebraucht ginn: D’Wëllef, d’Avex, d‘ CaraPio, d’RaRo, d’Albatrossen, d’Fossilien an d’Cheftainen.
Op der Foto gesäit en d’Actricen alleguer, déi am Stéck „D’Rätsel ëm d’Feierkraut“ 5mol op der Bühn am CAPe stongen, zesumme mat Mataarbechter an e puer Memberen vun Andamos. (lmm) LGS Guiden Ettelbréck