Den CSV Spëtzekandidat Jean-Paul Schaaf am Portrait

45, bestuet a Papp vun 3 Kanner

• Assistant Social vu Formatioun
• Buergermeeschter
• Norddeputéierten
• President vun der „Commission des Bâtisses“

De Jean-Paul Schaaf ass zu Ettelbréck gebuer, huet an der Warkenerstross gewunnt an ass haut mat senger Fra Nicole an den dräi Kanner um Kneppchen doheem.
Zënter 1994 am Gemengerot, zënter Mee 2003 Buergermeeschter vun eiser Gemeng an zënter Juni 2004 Norddéputéierten an der Chamber – esou ass aus dem geléierten Assistant Social ee Vollzäitpolitiker ginn.

Mat Läif a Séil setzt sech de Jean-Paul fir eis Gemeng a fir eis Regioun an. Dobäi si seng vill Iddien, säi permanent Schaffen an di gutt Relatioune mat der nationaler Politik immens wichteg fir eis lokal Projeten.

Dem Jean-Paul leien d’Liewensconditioune vun allen Awunner an d’Liewensqualitéit an eiser Stad um Häerz. Den CSV-Leitmotiv: „Jidder Eenzelnen zielt“ ass him wichteg, och dann wann et gëllt, eis Gemeng mat Wäitsiicht esou ze plangen, ze organiséieren an ze positionéieren, dass mir och muer kënnen an engem attraktiven Ettelbréck, Waarken a Grentzen liewen.

De Jean-Paul ass ee begeeschterten Bierger aus eiser Gemeng. Hie wëllt sech weider als Buergermeeschter, mat engem kloere Bléck fir eis Zukunft, engagéieren.

Jean-Paul Schaaf est né à Ettelbruck, a grandi dans la rue de Warken et habite aujourd’hui avec sa femme et ses trois enfants dans la rue des Vergers.
Depuis 1994 membre du conseil communal, depuis mai 2003 bourgmestre et depuis juin 2004 député, l’assistant social de formation est devenu politicien à part entière.
Jean-Paul s’engage avec enthousiasme pour notre commune et notre région. Ses nombreuses idées, son esprit travailleur et ses bonnes relations avec la politique nationale sont d’une importance capitale pour nos projets locaux.

Les conditions de vie de tous les citoyens et la qualité de vie dans notre ville lui tiennent particulièrement à coeur. Le «Leitmotiv» du CSV: «Chacun compte » lui est important, tant pour la planification à long terme que pour l’organisation et le positionnement de la commune. Permettre à chacun de vivre dans un environnement attractif à Ettelbruck, à Warken et a Grentzingen reste son but principal.

Jean-Paul est un fervent citoyen de sa commune. Il désire continuer à s’engager comme bourgmestre avec une vision claire pour notre avenir.