D'École Privée Sainte-Anne huet dëst Schouljoer 2025/2026 nees bewisen, wéi wichteg hir d’Solidaritéit mat de Mënschen ass. D'Direktioun konnt zum Schluss vum Schouljor zwee Schecken un hir Partnerorganisatiounen iwwerreechen: en éischte Scheck vu 40.000 Euro war fir d'Maison Shalom vun der Maggy Barankitse am Ruanda, iwwerreecht un d’Madamm Denise Richard, Direktesch vu partage.lu. En zweete Scheck vu 16.458,84 Euro krut d’Madamm Sophie Glesener, Direktesch vun SOS Villages d'Enfants Monde iwwerreecht. Mat dëse Suen gëtt de Centre social vu Mindelo um Cap Vert ënnerstëtzt.
Des Zomme sinn duerch eng Rei Aktiounen zesumme kommen, déi d'Schülerinnen zesumme mat de Léierpersoune mat vill Engagement dat ganzt Schouljoer iwwer op d'Bee gestallt hunn – dorënner de Chrëschtmaart souwéi dee scho well bal traditionnellen Chicken Run op der Wark.
Solidaritéit ass am Sainte-Anne keen eidele Begrëff: nieft dem Wësse leien der Schoul och d'Wäerter vun Engagement a Matgefill um Häerz, déi si hire Schülerinnen fir d'Liewe mat op de Wee ginn.