Re:Connect: Sainte-Anne setzt en Zeeche fir e bewossten Ëmgang mam Handy

D'Schouljoer 2025/2026 stoung an der École privée Sainte-Anne vun Ettelbréck ënner engem ganz besonnesche Motto: Re:Connect. Mat dëser Sensibiliséierungscampagne huet d'Team Re:Connect, eng Equipe vun Enseignanten, sech dat ganzt Joer iwwer dofir agesat, d’Schoulgemeinschaft fir e méi bewossten Ëmgang mat hirem Handy ze sensibiliséieren.

De September huet mam Kick-Off-Dag de Startschoss ginn: d'Schülerinne goufen op eng flott a spilleresch Manéier mat der Thematik konfrontéiert – wat mécht en iwwerdriwwene Gebrauch vum Handy mat der Konzentratioun, dem Schlof an de soziale Bezéiungen, a wéi eng Alternativen gëtt et, fir sech méi ze deconnectéieren.

Iwwert d'ganzt Schouljoer sinn ëmmer nees kleng an och méi grouss Aktioune an de Klassen ëmgesat ginn, fir d'Schülerinnen ze encouragéieren, hire Gebrauch vum Handy méi bewosst ze gestalten a méi Zäit fir richteg Momenter zesumme mateneen ze fannen.

Als Ofschloss huet de Closing Day am Juli de Schülerinne konkret Ureegunge ginn, wéi si hir Summervakanz ofwiesslungsräich verbrénge kënnen – och ouni ëmmer um Handy ze hänken.

Mat der Re:Connect-Campagne huet Sainte-Anne nach eng Kéier bewisen, wéi wichteg et der Schoul ass, hire Schülerinnen net nëmmen theoretescht Wëssen, mä och konkret Liewenskompetenzen mat op de Wee ze ginn – e responsabelen Ëmgang mat digitale Medien an d'Stäerkung vum Vivre-ensemble leien der École privée Sainte-Anne haut méi wéi jee um Häerz.