Generalversammlung

D'Ettelbrécker Musek hat den 02.Abrëll hier 168 Generalversammlung an der Däichhal,dee vun der Ettelbrécker Gemeng Covid-19 gerecht amenagéiert war.

Den Präsident Jos Weber huet der Gemeng Merci gesot,dat si all Veräiner aus Ettelbréck ,an dëser schwéierer Zäit moralesch an finanziell ënnerstëtzt .

Och dem Tourist Office huet hien Merci gesot,dat mat hirer Iddie,den Verkaf vun den Wichteltuten, en Deel vum Erléis eiser Jugendmusek ze gutt komm ass.

Den Ettelbrécker, an och den Awunner vun Waarken, en groussen Merci fir hir Ënnerstëtzung beim Hämmelsmarsch 2020.

Nom Rapport vum Secretär Zwank Carlo dënn ganz kuerz war, huet Caissiere Kinnen Karin bestätegt dat déi finanziell Laach vun der Ettelbrécker Musek stabel ass.

Eis Gratis Concerten hunn mir 2x missten op en aneren Datum verleeën,an och den Concert vum 08.05.2021 kënnen mir net spillen.

Eisen Chef den Serwe Rainer meng dat mir villäicht am Juli en Concert virum CAPe spillen duerfen.

An senger Usproch huet den Här Buergermeeschter gesot, mir sollen den Mutt net verléieren, an eis verséchert dat Gemeng ëmmer en oppent Ouer fir all Problemer huet.

Als Ofschloss hunn déi 48 Memberen an Invitéen en Ouschter Cadeau als Merci kritt.